Relais pour la Vie 2026
Description
Villmools Merci u jiddereen dee sech um Relais pour la Vie bedeelegt huet; sief dat duerch Spenden, oder andeems dir fir de Lycée Robert-Schuman matgelaf sidd. Eise Lycée huet dëst Joer mat zwou Equippen deelgeholl a mir hunn am Ganzen 4985 € fir d’Fondation Cancer gesammelt.
Merci och un d’Régente vun der 3D1G1 fir déi flott Initiativ bei der si zesumme mat hirer Klass, zäitgläich vum Relais pour la Vie ronderem d’Coque gelaf ass, an dono eppes mat hire Schüler iesse war.
E ganz grousse Merci och un d’@lrsl_actionteam4future fir hier ganz Méi bei der Organisatioun hannert de Kulissen, an och un eise Schüler de Paul Tabacel-Manea deen immens flott Fotoen mat senger Kamera geholl huet.