V8

Visite vum CGDIS

Description


Den 11. Februar haten 1 Hëllef-Team an Schüler aus dem 1 Hëllef Kuer Chance , de Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) op der Cloche d'Or ze besichen.

Wärend dem Besuch hu mir vill Interessantes gesinn an erkläert kritt. Mir duerften d’ Ambulanzen an de SAMU méi no ukucken an hunn erkläert kritt, wéi dës am Asaz funktionéieren a wéi d’ Ekippe koordinéiert ginn.

Et gouf eis och gewisen, wéi d’ Gruppen organiséiert sinn a wéi eng Aufgab jiddwereen am Asaz huet.

Demonstratioun, wéi d’ Schläich nom Asaz gewäsch an gedréchent ginn konnte mer materliewen. Mir hunn déi grouss Maschinne gesinn, déi dofir benotzt ginn, an erkläert kritt, firwat dat esou wichteg fir d’ Sécherheet an d’ Liewensdauer vum Material ass.

Mir kruten d’ Gebai gewisen an all Departement gouf eis genau erkläert. Um Wee doduerch hunn mir d’ Kichen, de Sportraum wou Personal sech fit hält gesinn. An hiren Dortoir konnte mer och e Bléck erangeheien. An deen wou si sech wärend der Schicht zeréckzéien  a rouen kënnen.

E weidere Highlight war den neie Roboter, deen agesat gëtt, fir an den Tunnellen Feier ze bekämpfen. Dat war immens impressionant ze gesinn, wéi modern Technik hei agesat gëtt.

Zum Schluss duerfte mir souguer Uniforme probéieren, wat fir vill vun eis e ganz flotte Moment war.

Et war eng ganz interessant a léierräich Visite, bei där mir vill iwwer d’ Aarbecht vum CGDIS geléiert hunn.

E grousse MERCI un den Här Müller deen eis mat vill Gedold an “Know How” eis déi zwou Stonnen begleet huet.

Fotogalerie

 Retour aux articles