Visite am Nationalmusée um Fëschmaart
Description
Bei allerschéinstem Fréijoerswieder huet d’6CLC1 d’Schätz vum MNAHA entdeckt.
Op enger Visite guidée vun eppes méi wie enger Stonn sinn d’Schüler*innen esou Munches iwwer d’Zvilisatioun vun den Galloréimer gewuer ginn. No enger kuerzer Aféierung zu den Gallier hei zu Lëtzebuerg stoungen die verschidden Facetten vun der Romanisierung fräi nom Motto Tempel,Thermen,Tavernen um Programm. Zum Schluss huet d’Klass d’Musenmosaïk vun Viichten bewonnert, eent vun den schéinsten nördlech vun den Alpen.