Blox3

Boulderen am BLOCX

Description


Den 5. Mäerz ware mir mat eise Schüler an de Blocx op Esch boulderen.

Dës Schoulaktivitéit sollt de Schüler d’ Méiglechkeet ginn, eventuell eng nei Sportaart kennenzeléieren an dobäi zesummen Spaass ze hunn.

Am Ufank hu mir eng kleng Aféierung an d’Boulderen an an d'Sécherheetsreegelen gemaach. Duerno konnten si verschidde Boulderrouten ausprobéieren.

D’Schüler hunn sech géigesäiteg motivéiert an gehollef, méi schwéier Passagen ze meeschteren. Nieft der Beweegung stoung virun allem de Spaass  an d’ Zesummenaarbecht am Mëttelpunkt.

Fotogalerie

 Retour aux articles