match (2)

Kickerturnéier

Description


En Donneschdeg, den 05.02., war déi grouss Final vum Kickerturnéier. Am Ganzen waren 8 Lycéeën vertrueden (LAML, LML, LAM, LRSL, LGL, LB, de Lënster Lycée an d’LPEM), mat insgesamt 14 Equippen.

D’Rachel Jerbia an d’Lisa Welter-Donven hunn ënner dem Equippennumm „Frauenpower“ gewisen, datt si net ze ënnerschätze sinn.

Déi grouss Gewënner sinn awer den Eric Saltmann an de Mathias Schroeder. Si hunn mam Team „Letzprime“ de Pokal gewonnen a sinn domat déi bescht Equipp vun dësem Joer. 

Gratulatioun!

Fotogalerie

 Retour aux articles