2A-LLCO an der Chamber

Description


Mëttwochs de 7. Januar, war d'2A-LLCO an der Chamber. No enger kuerzer Visite vun dem Haaptgebai, hunn si un engem Workshop deelgeholl vum Zentrum fir politesch Bildung. Moies hunn si sech mat der Entwécklung vun der Constitutioun hei zu Lëtzebuerg befaasst. Et gouf vill diskutéiert - iwwert Walrecht a Walflicht, Feminismus, Politik an Politiker. Mëttes waren d'Corinne Cahen an den Ben Polidori laanscht komm, fir Froen ze beäntwerten. 

 Retour aux articles