Holocaust-Gedenkdag

Description


Op enger ergräifender Konferenz virun den Schüler*innen vun 3CA an 2CA huet den Här Marc CUKIER am Kader vum Holocaust-Gedenkdag ( 27. Januar) d’Schicksal vu senger Famill virun,am an nom Krich duergestallt.

Gebuer 1947, goufen him als « témoin de la 2e génération » vill vu sengen Léifsten an dëser schwéierer Zäit ewech geholl.

Ganz besonnesch den trageschen Liewenslaf vun der Hallefschwëster Gitla (1924-1944 Auschwitz), Schülerin aus eisem Lycée (1937-1940), ass dem Auditoire nogaangen.

Verzeien ass wichteg, vergiessen awer dierfen mir nie. Dofir sinn esou Manifestatiounen vu grousser Bedeitung. 

 Retour aux articles