Chrëschtmaart 2025
Description
Eise Chrëschtmaart hat och dëst Schouljoer en immense Succès.
D’Iddi hannert eisem Chrëschtmaart ass et Sue fir de gudden Zweck ze sammelen. D’Schüler zesumme mat hiren Enseignanten iwwerleeën sech eng flott Iddi fir e Stand a verkafen Iessen, Gedrénks an Dekoratioun a souguer Kino Ticketen, fir am Découvertes Kino selwer gedréinte Filmer kucken ze goen. D’Famillien a Kolleegen waren och häerzlech wëllkomm fir eis Schüler ze ënnerstëtzen.
Dëst Joer hunn d’Schüler sech fir zwou Organisatiounen entscheed un déi den Erléis soll goen. Dëst ass eng Kéier d’PADEM an eng Kéier d’LUkraine. Si goufe schonn kontaktéiert a wäerten nach dëse Mount fir eng Scheckiwwerreeschung bei eis kommen.
Mir soen all deenen déi sech um Chrëschtmaart engagéiert hunn e grousse Merci, ouni iech wier dat net méiglech gewiescht!