Organspend op der 2ème

Description


Dëse Méindeg, de 15. Dezember, huet de José Lopes vu Luxtransplant mat de 2e Klassen iwwert d’Organspend geschwat. Och wann et kee liicht Thema ass, ass et eng wichteg Fro, mat där jiddereen sech eemol auserneesetze soll. Begleet gouf hien vum Magalie, dat vun hiren eegene perséinlechen Erfarunge mam Thema erzielt huet.

D’SchülerInnen hunn dobäi geléiert, wéi d’Démarchen am Fall vun enger Organspend oflafen, wat fir Organer a Gewiewe gespent kënne ginn an wéi grouss de Besoin fir Organspender hautdesdaags ass.

Am Mëttelpunkt vum Virtrag stoung eng kloer Noriicht: Et ass egal, ob een sech fir oder géint d’Organspend entscheet – wichteg ass, seng Meenung matzedeelen, fir datt d’Famill weess, wat ee nom Doud well.

 Retour aux articles