2A-LLCO - Projet Eloquentia
Description
'Prends la parole!' war de Motto op der 2A-LLCO an der Woch vum 17.-21. November.
An zwou Gruppen, geleet vun zwee Animateuren déi extra vu Paräis ugereest waren, hunn 21 SchülerInnen sech op den 'art de la parole' konzentréiert. Wärend dräi Stonnen, all Dag, hunn si op franséisch geléiert, sech iwwerzeegend auszedrécken. Wéi präsentéiert een seng Iddien am beschte fir Leit ze iwwerzeegen? Wéi iwwerwënnt een seng Angscht, seng Meenung virun engem Grupp auszedrécken? Et waren intensiv Exercicer – oft en Challenge – mee no dësem Coaching war d'Satisfaktioun grouss a véier SchülerInnen ware bereet un dem Concours d'éloquence deel ze huelen: d'Hannah Eser, d'Jil Seiwert, d'Héloïse Nesser an de Luca Carosone.
Den 28. November, trotz Prüfungszäit, hunn si an der Abei Neumünster virun engem grousse Publikum, hir Texter zum Thema 'Fair Fashion' virgedroen. Niewt dem Lycée Robert-Schuman waren och nach folgend Schoulen present: den Nordstad Lycée, de Lycée Vauban, d'Ecole Internationale vun Mondorf, de Lënster Lycée an d'Ecole privée Fieldgen. Vun all Schoul si SchülerInnen a binômes opgetrueden. D'Konkurrenz war grouss: verschidde Presentatiounen hu carrement un Ted-Talks erënnert, mat ganz prezisem Timing an enger reegelrechter Choreographie.
D'Hannah, d'Jil, d'Héloïse an de Luca hu kee Präis kritt, mee si waren awer ganz frou iwwert déi Experienz déi si do gemaach hunn. Op der Bün waren si souverän an hu mat hiren originellen Iddien iwwerzeegt.
E grousse Bravo un eis talentéiert public speakers!