1. Hëllef Kuer
Description
No Allerhellgen goung et fir eng Rei engagéiert Schüler mam 1 Hëllef Kuer lass. Den Ted Wilwert koum mat all sengem Wëssen bei eis an den LRSL fir hinnen theoretesch an praktesch 1. Hëllef bäizebréngen. Ganzer 8 mol hunn déi Jonk sech Freides mëttes fir zwou Stonne gesinn.
Virun der Kreschtvakanz konnten si dunn nach mam Jeff Herr zesummen e flotten Kahoot spillen wou si nach eemol hiert Wëssen testen konnten. Zu gudder lescht gouf et Jus an Kuch fir eng kleng Stäerkung an den wuelverdéngten Nikloosweekend.