Héchste Label beim Projet “Sustainable Entrepreneurial Schools“
Description
Mir sinn immens houfreg dass mir als LRSL beim Projet “Sustainable Entrepreneurial Schools“ mam héchste Label ausgezeechent gouffen: “Entrepreneurial Culture”.
Eis haart Aarbecht gouf belount a mir soe jidderengem dee matgemaach huet e grousse Merci fir d’Engagement bei dësem flotte Projet, wou et drëms geet eis Schoul duerch kritescht a kreativt Denken sou Nohalteg wéi méiglech ze maachen.
De Projet ënnerstëtzt a fuedert d‘Lycéeën och fir de Schüler am Beräich Entrepreneurship wichteg Erfarungen mat op de Wee ze ginn, déi si dono an der Berufswelt kënnen emsetzen.
Zwou éischt Fotoen © Script