Rakugo
Description
D’Ambassad vu Japan zu Lëtzebuerg huet eis Schüler op eng Rakugo Opféierung invitéiert. Dëst ass en traditionellt japanescht Theaterstéck, erzielt op Franséisch. De Cyril Coppini, (Instagram: @cyrilcoppinirakugo) e renomméierte Rakugo Acteur dee vill a Japan optrëtt, huet eis Schüler mat op eng Rees geholl wou si spannend Geschichten, lëschteg Anekdoten a Legenden, wéi z.B. “Toki Udon” a “Shinigami” gewise kritt hunn.
Merci och un den INLL dass mir dëst flott Event an Ärem Festsall konnten halen.