IMG 5468

Mir sinn houfreg dass mir beim Plooschter Projet matgemaach hunn

Description


De Plooschter Projet huet d’Zil dass sech méi Leit als Stammzellespender umellen a soumat Liewe kënne gerett ginn. Stammzellespender sinn heiansdo déi eenzeg Behandlungsméigleschkeet a Fäll wéi z.B. Leukämie, Anemie oder Immundefekter wéi Lyphmonen. 

Den 22. Oktober ware Si bei eis am Lycée an d’Schüler esou wei d’Personal haten d’Méiglechkeet sech als Spender unzemellen. Am Ganzen hu sech 106 nei Spender ugemellt.

Eist Éischt Hëllef Team war och mat dobäi, an huet de Plooschter Projet ënnerstëtzt falls et mol engem no der Bluttanalyse net esou gutt gaangen ass.

Falls dir och wëllt Stammzellespender ginn dann mellt iech beim Plooschter Projet.
Hei sinn d’Basisviraussetzungen fir Spender:

  1. 18 bis 40 Joer al sinn (vu 16 Joer u mam Accord vun den Elteren) Wann ee bis enregistréiert ass, kann ee bis 60 Joer Stammzelle spenden,
  2. net méi wéi zwee Mol schwanger gewiescht ze sinn (Feelgebuerten abegraff),
  3. méi wéi 50 kg weien,
  4. gesond sinn,
  5. esten Wunnsëtz zu Lëtzebuerg respektiv Lëtzebuerger Nationalitéit hunn oder festen Wunnsëtz an Däitschland respektiv däitsch Nationalitéit hunn.

Wann Dir dës Bedingungen erfëllt, musst Dir just nach e Gesondheetsfroebou ausfëllen an eng Bluttanalyse maachen, oder eng Spautprouf ofginn.

Fotogalerie

 Retour aux articles