Austausch iwwer d’COP30 mat de Ministeren Serge Wilmes a Claude Meisch
Description
Den 28. Oktober waren den Ëmweltminister Serge Wilmes an Educatiounsminister Claude Meisch fir e spannenden Austausch iwwer d’COP30 bei eise Schüler op Besuch. Véier Schüler aus eisem LRSL_ActionTeam4Future an dräi Schüler aus dräi anere Lycéeën (Lycée Hubert Clément, Athénée an European School) sinn nämlech dëst Joer mam Projet Youth4Climate Action op der COP30 a Brasilien dobäi a representéieren d’Lëtzebuerger Jugend.
No Präsentatiounen vum LRSL_ ActionTeam4Future, dem Projet Youth4Climate an der UNFCCC haten d’Schüler dunn nach en interessanten Austausch mat den Experten.
D’Zil vun dësem Event, war et fir virun der COP30 mat deene Jonken Iddien auszetauschen, eraus ze fannen wéi si zum Thema Klimaschutz stinn, wat hier Ängschten an Hoffnunge sinn, a wat si fir Virschléi hunn déi op der COP30 mussen ugeschwat ginn.
No der COP30 kommen d’Schüler an déi verschidden Experten aus dem LRSL_ ActionTeam4Future, dem Projet Youth4Climate an der UNFCCC nach eng Kéier zesummen an tauschen sech iwwer d’Resultater vun der COP30 aus.
Falls dir eis Schüler op der COP30 begleede wëllt kënnt dir hier Etappen op hirem Instagram verfollegen: @lrsl_actionteam4future
Mir wënschen hinne vill Erfolleg op der COP30!
E grousse Merci och un eise Schüler de Paul Tabacel-Manea fir d’Fotoen.