
Pavillon A
Description
Eise Pavillon A ass lo säit dräi Wochen op.
Hei kritt dir bëssen en Abléck ”hannert d‘Kulissen“.
Wei dir jo warscheinlech matkritt hutt war et eng zimmlech spektakulär Aktioun wei se d‘Stroosse gespaart hunn an mat engem Kran vun iwwer 60m d‘Pavillonen iwwer d‘Beem an eisen Haff gehuewen hunn. De Kran huet een iwweregens och vun der Rouder Bréck aus gesinn.
D’Klassesäll sinn immens modern, mais mir sinn eis bewosst dass et am Moment nach zimmlech eidel dobannen ausgesäit. Mir hunn awer schonn puer flott Iddien wéi mir eis et no a no méi gemittlech ariichten kënnen.
Video - Pavillon A (2.32 Mo) |