Meng Klass, en Team
Description
Fir Schüler vun der 7ième war et dëst Joer ganz extra. Eng nei Schoul, nei Klassekomeroden an generell e ganzt neit Ëmfeld. Net wei am Fondamental gehéiert een zu deenen “Eelsten” mee elo ass een rëm e “Klengen” oder en “Neien”.
Dofir ass et wichteg, dass dëse Wiessel méiglechst agreabel empfonnt gëtt. De Programm vun “Meng Klass, en Team” deen mir doduerch op alle 7ièmen maachen, huet als Ziel e gutt Klasseklima ze schafen, Kommunikatioun an den Zesummenhalt an der Klass ze verbesseren souwéi aktiv géint Mobbing virzegoen.
Selbstvertrauen vun den eenzelen Schüler gëtt gestäerkt an si ginn animéiert iwwer sech eraus ze goen.