
Soirée scientifique 2025
Description
Den 8. Juli war d’Soirée Scientifique, den Ofschloss vum Projet « Voyage Scientifique ». D’Rees, déi eis dëst Joer a Frankräich, d’Schwäiz an Italie gefouert huet, ass bei e puer Filmplaatzen vun James Bond Filmer laanschtkomm. Dofir waren d’Ateliers scientifiques déi d’Rees virbereet hunn, am Zeeche vum James Bond. D’Schüler hunn sech mam Thema «Science an den James Bond Filmer: Wat ass méiglech a wat net? » auserneegesat. An den Ateliere vun der Physik, der Biologie, der Chimie an der Mathé si Filmzeenen vun James Bond Filmer aus der Siicht vun der Science analyséiert ginn. Zum Schluss vun der Soirée ass dann nach e Film iwwert d’Rees gewise ginn. Spéitstens dono war et kloer wei gutt des Rees de Schüler gefall huet.
Domat si mir schonn all gespaant op déi neisten Aventurë vun der 2BC vum nächste Schouljoer .