
Ofschlossparty am ChouChou
Description
Den 8. Juli hate mir déi éischte Kéier eng Ofschlossparty.
Normalerweis hu mir zum Schluss vum Schouljoer eist Schoulfest. Mais well mir dëst Joer bësse méi limitéiert mat eiser Platz am Haff sinn, hunn mir décidéiert eng Ofschlossparty ze organiséieren.
Jidfereen vun eise Schüler a vum Personal war wëllkomm am ChouChou dee mir fir dës Occasioun privatiséiert haten. Et war wuel och fir jiddereen eppes dobäi; den DJ huet gutt Musek gespillt fir ze danzen an ze sangen, dobaussen hate mir e Food Truck stoen, an et ass Waasser Pong gespillt ginn.
Mir hoffen et huet iech all gefall.