Ü5

Éischt Hëllef am Lycée

Description


140 Schüler aus 13 verschiddene Lycéeën hunn um Dag vun der Éischter Hëllef am Kolléisch Deel geholl. Och vum LRSL waren e puer Schüler aus dem 1 Hëllef Team mat dobäi.

Si krute verschidde praktesch Atelieren ugebueden, zu Theme vu Reanimatioun iwwer Diabetes bis mental Gesondheet.

Éischt Hëllef ass eng Basis, déi am Fong jidderee sollt hunn, fir am Alldag kënnen ze hëllefen.

Déi meescht Schüler, déi um Dag vun der Éischter Hëllef Deel geholl hunn, hate schonn Erfahrung an deem Beräich. A verschiddenen Ateliere konnte si hiert Wëssen nach verdéiwen an nei Saache kenne léieren.

Dës goufen organiséiert vu verschiddenen Organisatiounen, wéi dem CGDIS, dem Plooschterprojet, der Air Rescue oder nach der Uni Lëtzebuerg. Eng Ekipp aus dem Sepas, huet déi jonk iwwer mental Gesondheet sensibiliséiert, iwwerdeems d'Lëtzebuerger Diabetes-Associatioun erkläert huet, wourop een do muss oppassen. D'Association pour Malvoyants et Aveugles huet de Jonke gewisen, wéi een eng blann Persoun guidéiert. A besonnesch beléift war och de Crash-Simulator vum Centre de formation pour conducteurs.

Villäicht ass nach deen een oder aneren interesséiert beim 1. Hëllef Team ze hëllefen. Dann mellt iech beim SSE. All Hëllef ass wëllkomm. (Konditioun ass en 1. Hëllef Brevet. Hues du nach keen dann mell dech einfach direkt fir nächst Schouljoer am 1. Hëllef Kuer un ????)

Fotogalerie

 Retour aux articles