Op d’Sich no de Spueren vun der Lëtzebuerger Geschicht

Description


Bei schéinstem Wanterwieder huet d’7C2 sech nees op d’Sich no de Spueren vun der Lëtzebuerger Geschicht gemaach (16. Januar) Wärend enger ganz ofwiesslungsräicher Visitt am Nationalarchiv um Helleg-Geescht Plateau kruten déi interesséiert Schüler vun der Classe de découverte een Abléck an d’Organisatioun an den Fonctionnement vun dëser wichteger Institutioun. Donieft konnten sie kostbar Originaldokumenter (Schrëftquellen, Fotoen an Zeechnungen) vum Mëttelalter bis an den 2.Weltkrich vu ganz no bewonneren an hier Froen dozou stellen. Den Tour vun iwwer enger Stonn war leider ze séier eriwwer; e Grond méi fir nach eng Kéier oder vläicht ëfters hannescht ze goen.

 Retour aux articles