Innovative Sciences

Description


Am Kader vun der 2ème Optioun "Innovative Sciences" hunn d'Schüler/innen vum LRSL bei enger Visite vun der Uni Lëtzebuerg um Campus Belval matgemaach. Nodeems si bei enger Visite guidée d'Schlësselgebaier vum Campus gewise kritt hunn, kruten si bei enger perséinlecher Präsentatioun vum Dekan vun der Faculty of Science, Technology and Medicine, dem Prof. Dr. Bouvry, sou wéi de Professeren Dr. Ludger Wirtz an Dr. Jean-Luc Bueb alles iwwert e Studium op der Uni.lu an den entspriechenden Fächer virgestallt. Och d'Studenteliewen an d'Méiglechkeeten déi d'Uni hei ubitt si präsentéiert ginn. 

 Retour aux articles