First Lego League 2024

Description


Am Kader vum Makerspace waren e Mëttwoch 21.02.24 6 vun onse Schüler als Team  op der First Lego League Lëtzebuerg am Forum um Campus Geesseknäppchen. 

Am Viraus hunn si e Lego Mindstorms Roboter gebaut a programméiert. Dësen huet du misse verschidde Missiounen erleedegen. Weider hunn si sech mam Thema Hobbyen a Fräizäit beschäftegt. Hiere Fuerschungsprojet heizou, e Schachspill  wat si selwer designt hunn an 3D gedréckt hunn, hunn si virun enger Jury presentéiert. Um Enn blouf nach e bëssi Zäit fir d'Schachspill mat Schüler aus anere Schoulen ze testen.

Weider Informatiounen zur First Lego League: https://www.script.lu/fr/activites/innovation/first-lego-league-challenge

 Retour aux articles