AL5

Groussen Kickerturnoi- Deel 2

Description


Nodeems sech an all Gebai 2 Équipen placéiert hunn fir hir Schoul um Kicker Tournoi ze vertrieden war et virun der Fuesvakanz souwäit fir d ‘Final ze spillen. Dëst Joer gouf des am Athenée gespillt. 8 ganz ënnerschiddlech Équipen waren fir hir Schoulen am Asaz.

Et goufe spannend Matcher an ganz knapp Resultater. Zum Schluss hunn sech eis CLIJA Schüler, den Irfan an den Ahmed géint den LGL duerchgesat. De Pokal bleift also am LRSL -Félicitatioun. Leider konnten sech den Jaspar an den Mathias net géint den Athenée duerchsetzen. Si koumen op déi gutt 4 Platz.

Fotogalerie

 Retour aux articles