202312191038058581 Gilles Glod

Wantermaart 2023

Description


De leschte Schouldag virun der Chrëschtvakanz war traditionell eise schéine Wantermaart, op dem all d'Klassen e flotte Stand gemaach hunn. 

Vill Schüler, Elteren a Personal konnten déi salzeg a séiss Schneekereie genéissen, déi hei ugebuede goufen. Kniddelen, Gegrills, Panescher, vill gutt Saachen gouf et fir an de Bauch. Donieft goufe selwer gebastelt Chrëschtdagsdekoratioun verkaf. All d'Erléis waren natierlech och dëst Joer erëm fir de gudden Zweck, esou huet d'LRSL Communautéit ofgestëmmt, dass de Wonschstär an d'Stëmm vun der Strooss dëst Joer den Erléis gespent kréichen.

Fotogalerie

 Retour aux articles