Groussen Kickertournoi – Deel 1

Description


Souwéi lescht Joer trieden den Jongelycée, den Athenée, den LRSL an den Lycée Michel Lucius an engem groussen interschouleschen Kickertournoi géinteneen un. Dofir schéckt all Schoul seng zwou bescht Equippen an d‘Rennen.

Fir eis bescht Spiller fest ze leeën, huet den LRSL en internen Tournoi fir all seng SchülerInnen organiséiert.

D ‘Kickeren waren dofir an den Wochen an Deeg virum Tournoi an all Mëttespaus am Asaz. Den 11ten Januar war et esouwäit. Eis 7 Equippen sinn géinteneen ugetrueden. Vun 7ème bis 1ère war praktesch all Joergäng vertrueden. Och Clija war dëst Joer um Depart. Jongen ewéi och Meedercher si géinteneen ugetrueden. Verschidde Matcher waren schnell entscheet, anerer goufe ganz knapp gewonnen.

Schlussendlech hunn sech des zwou Equippen duerchgesat.

COD mam Mathias, Jaspar an Théo souwéi The King mam Ahmed an Ifran. Si wäerten den LRSL den 1.Februar an der grousser Final am AL vertrieden.

 Retour aux articles