Space goes to school LRSL

SPACE GOES TO SCHOOL - 24.11.2023

Description


Wéi grouss ass den Universum? Si mir aleng, oder gëtt et dobaussen nach aner Liewensformen? Wéini fléien d’Mënschen op de Mars a wéi laang dauert esou eng Rees? Firwat ass de Pluto kee Planéit méi? Wéi ginn d’Astronauten op d’Toilette? Dat waren e puer vun deene sëllege Froen, déi d’Schüler vun der 7C1 dem Här Daniel Biedermann, dee laang Joeren als Ingenieur an der Raumfahrt täteg war, gestallt hunn. Si kruten op (bal) alles eng Äntwert an doriwwer eraus op eng flott Manéier nach vill weider interessant Informatiounen a Geschichten aus der Raumfahrt erzielt.

 Retour aux articles