BTR01-1

Back to the roots 2023

Description


De 15. Dezember war, wéi all Joer erëm eisen traditionellen BACK TO THE ROOTS wou eis Schüler vun 2e sech konnten austausche mat eise fréiere Schüler iwwert Studium wéi och iwwert Wunnen an deene jeeweilege Stied an och méi allgemeng Informatiounen.  Eng fréier Schülerin huet hier Erfarungen aus der Beruffswelt gedeelt. Zwee Schüler déi d'lescht Joer hier Première gemaach hunn, hunn hier Erfarunge, déi si an hirem Gap Year vu September bis elo gemaach hunn, präsentéiert. Si hunn decidéiert éier si hiert Studium ufänken, mat engem Van ze duerch verschidde Länner ze reesen.

Den Interesse war ganz grouss, d’ Presentatioune ware ganz villfälteg. Et goufe vill Froe gestallt an eis fréier Schüler ware frou an hiren ale Lycée ze kommen. 

Fotogalerie

 Retour aux articles