Foto8

Babysitter Ausbildung am LRSL

Description


Den 14. an 15. Dezember 2023 war Babysitter Ausbildung am LRSL. Dëst zesumme mat der Erzéiungs- an Familljeberodung vun der AFP- Solidarité-Famille Asbl. Enner der Leedung vum Nicole Heinen, Mataarbechterin bei der AFP sinn 18 Schülerinnen an 1 Schüler  wärend 2 Nomëtteger bis owes 18h00  an der Schoul bliwwe fir drun deel ze huelen. RESPEKT

Wesentlech Informatiounen am Beräich vun der Entwécklung an Entwécklungsförderung   aus psychologescher an pädagogescher Siicht goufe vermëttelt. D’Infirmière Nicole Keiser  huet eis Jugendlech dann nach iwwer Kannerkrankheeten, Verletzungen an Versuergen vun klenge Kanner informéiert. Unhand vun Baby Poppen konnten eis Schüler üben Wëndelen ze  wiesselen. Stabil Säitelag bei engem Noutfall gouf a geübt an nach ganz vill méi praktesch Übungen stoungen um Programm.

Mir wënschen eise Schüler vill Erfolleg an vill Spaass bei hirer net ëmmer sou einfacher an verantwortungsvollen Beschäftegung.

Fotogalerie

.

 Retour aux articles