Sustainable Entrepreneurial Schools Day - Remise vun der Auszeechnung « Entrepreneurial Culture »

Description


Den 23. Oktober 2023 huet den drëtte " Sustainable Entrepreneurial Schools "Event stattfonnt. Am Nomëtten konnten sech déi interesséiert Schülerinnen a Schüler iwwert vill verschidden Aktivitéiten mat externe Partner austauschen. Dono konnt de Julien Lemmer, e vun de Pilier vun eisem LRSL-ActionTeam4Future a Schüler vun der 4e hat och Gelegenheet mat siwe Schüler aus anere Gebäier seng Erfarungen am "Sustainable Entrepreneurial Schools" Projet ze deelen. Fir de Ofschloss goufen 17 Lycéeë fir hir Efforten am Schouljoer 2022/2023 an dësem Projet ausgezeechent. 

Mir sinn immens houfereg op eise Lycée deen dëst Joer de héchste Label "Entrepreneurial Culture" zréck krut. Domat gouf eis ganz Communauté scolaire belount fir hier Aarbecht an hiert Engagement. Mir soen all deene Schüler a Enseignantë e grousse Merci déi sech engagéiert hunn fir eise Lycée zou enger Platz ze maachen wou Durabilitéit a Responsabilitéit een vis à vis vun dem aneren eng Roll soll spillen, wou Collaboration, Créativitéit an kritescht Denke bei de Schüler soll gestäerkt gi.

 Pre?sentation Sustainable Entrepreneurial School  (996.48 Ko)

 Retour aux articles