20230703 225505

Voyage scientifique 2023

Description


Wärend eiser onvergiesslecher Klasserees mam Zuch duerch Frankräich vum 3. bis den 8. Juli 2023, hate mir e faszinéierenden Abléck an d'Wëssenschaft, d'Geschicht an d'Kultur vum Land kritt. Den éischten Dag, Méindes, hu mir e spannenden Ufank gemaach mat enger Visitt vum Panthéon zu Paräis. Do konnte mir dem Léon Foucault säi weltberüümt Experiment gesinn, mat dem hien 1851 d'Rotatioun vun der Äerd noweise konnt. Owes si mir bis ganz erop op d‘Tour Montparnasse gaangen, wou mir déi schéi Skyline vu Paräis konnte genéissen.

Dënnstes war e besonnesch interessanten Dag. Mir konnten d'Wëssenschaft an der Cité des Sciences erliewen. Nieft der fräier Visitt vun de verschiddenen Beräicher hu mir zousätzlech eng flott Virstellung am Planétarium gesinn a konnten an engem Workshop mat Hëllef vu kënstlecher Intelligenz Roboter trainéiere fir zum Schluss eng spannend Course ze fueren. Owes ware mir zesummen iessen an hunn eng fréier Schülerin aus dem LRSL begéint, déi eis e bësschen iwwer d'Liewen an de Studium zu Paräis erziele konnt.

Mëttwochs war een Dag am Sënn vun de Museeën. Mir hunn ugefaange mat der Visitt vum Musée Marie Curie, wou mir méi iwwer déi bedeitend Wëssenschaftlerin an hier Aarbechte gewuer gi sinn. D'Visitt vum Musée des Arts et Métiers ass eng spannend Chance gewiescht, fir d'technesch a kulturell Hannergrënn vun der Zivilisatioun ze entdecken. Owes hu mir Paräis verlooss fir mam Zuch weider op Brest ze fueren. Et war e richtege Kulissewiessel: no der ganzer Hektik aus der Haaptstad, war et richteg erhuelsam fir Owes op der Gare vu Brest unzekommen, an duerch déi eidel Stad ze trëppelen, wou een ausser e puer Méiwen net vill Kaméidi héieren huet. Mam Sonnenënnergang am Horizont hu mer dunn eng Gondel geholl fir bis an de Quartier vun eisen Appartementer ze kommen. Hei hu mir de Rescht vun der Rees verbruecht, an haten esou 3 Deeg Zäit fir des Marinestad ze erliewen.

Donneschdes war du besonnesch, well mir moies ganz fréi gestart si fir mat Zuch a Bus op Concarneau am Südwesten ze fueren. Dëst charmant Fëscherstad huet eis mat senge verschiddenen Stränn, leckere bretonesche Galetten an historeschen Attraktioune begeeschtert. An der Station Marine zu Concarneau hu mir un Atelieren deelgeholl, déi ons d'Miereserfuerschung méi no bruecht huet. Dat ganzt war net nëmmen theoretesch, mee Mëttes si mir dunn och mat Eemer an Netzer an d'Fielse beim Mier gaange fir selwer déi verschiddenste Liewewiesen ewéi Muschelen a Krabben anzefänken. Am Laf vum Owend si mer dunn erëm zeréck op Brest gefuer.

Freides hu mir dunn d'ENIB (école nationale des ingénieurs de Brest) besicht an een Abléck an d'Ingenieurswëssenschaft geworf. An verschiddenen Ateliere konnte mir och hei selwer Roboter programméieren. Am Nomëtteg hu mir den Océanopolis zu Brest besicht, wou mir déi faszinéierend Welt vun de Mieresbewunner méi genau beobachte konnten. Samsdes war et du leider och schonn eriwwer a mir hunn den Dag am Zuch fir heem verbruecht.

Dës Klasserees huet eis en Deel vun der Wëssenschaft an och der Kultur a Frankräich vermëttelt. Mir hu flott an informativ Deeg zesumme verbruecht a hoffen, datt mir eis Erfarungen an Erënnerungen nach laang mat eis droen.

Fotogalerie

Video

 Retour aux articles