DSC1669 (2)

Minister Claude Meisch start am LRSL an dat neit Schouljoer

Description


De Moie vun der Rentrée vum 19.9. war den Educatiounsminister Claude Meisch op Visitt am LRSL. Op dräi verschidde Klassen huet hien den Austausch mat de Schüler gesicht. De Minister war op der 7e Découverte mat jonke Schüler, déi grad frësch an hir Lycéescarrière gestart sinn, an dat op enger neier a moderner Versioun vun der 7e, déi vill Praxiserfarung an d’Léieren integréiere wäert. De Minister konnt sech duerno awer och mat de Schüler vun enger 4e ënnerhalen an eiser 1ère D op de Bols fillen.


Fotogalerie

 Retour aux articles