Vum Ee zum Jippelchen (7C1)

Description


Wéi mer dëst Joer d’Entwécklung vun de Villercher am Ee studéiert hunn, huet eis de Raphaël ugebueden, en Eer-Brutkasten matzebréngen, fir di Saach live ze verfollegen. Mir hunn voller Spannung ofgewaart, ob a wéini dann di éischt Jippelcher schlüpfen géifen. No 21 Deeg bei 38 °C an genuch Fiichtegkeet, hunn di éischt Déiercher e Lach an d’Schuel gepickt a sinn kuerz drop geschlüpft. De Raphaël hat de Brutkasten iwwert de Weekend mat heem geholl an huet eis dunn no 3 Deeg, zwee gutt stabil Jippelcher mat an d’Schoul bruecht fir senge Klassekomeroden ze weisen. Ënnert enger Infrarouder Luucht hunn se sech de ganzen Dag de Bauch esou voll gefrupst, datt se Owes bal schonn ze héich waren fir an hir Transportkëscht.


Wat eng Freed fir eis 7C1 Schüler! Een décke Merci Raphaël! Lo endlech hunn och di jonk Hénger Vakanz a kënnen am grousse Gehege bei hire Gesëschter hir Ranguerdnung sichen.

 Retour aux articles