IMG 9833

LRSL Schoulfest

Description


Den 10.07.2023 hunn d’Schüler aus dem LRSL e Schoulfest fir d’Ënn vum Schouljoer organiséiert. D’Klassen hunn ënnerschiddlech Stänn ugebueden wéi z.B. e Grillstand, internationaalt Gebäck, Zockerwatt, Flësseg Stéckstoff Glass, net ze vergiessen et Schüler géint Proffen, wou d'Proffen bei ënnerschiddlechen Spiller géint d'Schüler ugetrueden sinn an vill weider interessant Stänn. Et goufen och Atelieren organiséiert, wéi z.B. e chemeschen Atelier mam Numm “DIY magic slime” an dem d’Schüler d’Méiglechkeet haten selwer duerch chemesch Reaktiounen Schläim hirzestellen. Et gouf och en Donuts-Atelier. Interesséiert Schüler konnten Donuts selwer maachen an se dekoréieren. Am Atelier “Pimp my Sneakers” haten d’Schüler d’Geleegenheet hir wäiss Schung ze bemolen. Externen Besuch koum vun der Henna Artistin “Henna Nour”, déi den Schülerinnen d’Hänn mat Henna bemolt huet. 

Merci fir dat flott Schoulfest, wat mir gëschter gefeiert hunn. Et war e schéinen Ofschloss vun engem laange Schouljoer.

Fotogalerie

 Retour aux articles