230612-0031

LRSL Fairtrade Laf 2023

Description


Den 12. Mee 2023 war mueres fréi, mam Start vun der 5. Editioun vum LRSL Fairtrade Laf, eppes méi lass ronderëm de Lycée Robert-Schuman !  Fir e gudden Zweck hunn d‘Schülerinnen a Schüler vun alle Klassen hir Ronne gedréit, jiddereen a sengem Tempo. Et waren och eng Parti ambitionéiert LeeferInnen dobäi an um Enn huet sech erausgestallt, datt de Rekord vum leschte Joer ëm 1 Ronn verbessert gouf.

Déi bescht am Klassement waren:

Jongen :

  1. Mohammad Ahmadi (CLIJAA1) mat 20 Ronnen
  2. Maurice Federspiel (3CBC) mat 19 Ronnen
  3. Lenny Quaranta (4C2), Leo Boyes (2CBC), Mourad Abdelrahman Nour (CLIJA1) a Farshid Askari (CLIJA2) mat 18 Ronnen

Meedercher :

  1. Alina Perederiy (5CLC1) an Emma Weydert (2CD) mat 15 Ronnen
  2.  
  3. Manon Frohberg (6C2) mat 14 Ronnen

Klassen :

  1. 5CLC1 mat 9,77 Ronnen/Schüler
  2. 7C4 an 6CLC5 mat 8,91 Ronnen/Schüler

Am Kader vun enger klenger Feier, den 12. Juni am Festsall vum LRSL, sinn déi bescht LeeferIinne mat engem Präis an engem Certificat geéiert ginn.

Duerch dës Aktioun sinn awer och 4.800 Euro u Spenden erakomm zu Gonschte vun den Organisatioune Fairtrade Lëtzebuerg, LUkraine a PADEM. Hir Vertrieder hunn a Presenz vun eiser Direktioun e „grousse“ Scheck vu jeeweils 1.600 Euro iwwerreecht kritt. Uschléissend hu si déi Projete virgestallt, déi mat de gesammelte Spenden ënnerstëtzt ginn.

E ganz grousse MERCI un all déi, déi mat hirem Engagement an hirer Generositéit un dëser Aktioun deelgeholl hunn!

De Fairtrade comité vum LRSL

Fotogalerie

 Retour aux articles