Finale vun den Mini Entreprisen

Description


Eisen Projet Mini-Entreprise huet am September vun dësem Joer ugefaangen. Mir, 6 Schüler vun der 2eG wollten en innovativen Produit hierstellen. Dofir hunn mir eis zu 6 zesummen gesat an eis vir een ganz eenzegaartegen Rigel entscheet deen aus Grillen Miel besteet. Zesummen, hunn mir eis un d’ Aarbecht gemaach an eisen éischten Rigel hiergestallt. 

Am Laf vun dësem Joer hunn mir och un verschiddenen Venten deel geholl an konnten do eisen Rigel an grouss Quantitéiten verkafen. 

Mir konnten eis am Verlaf vun dësem Joer géint 91 Mini Entreprise duerchsetzen an goufen mat 15 aneren Entreprise fir d’ Finale ausgewielt. 

An der Finale vun den Mini Entreprisen, déi den 8 Juni 2023 stattfonnt huet, hunn mir 2 Präisser gewonnen, den Innovation and Value Creation Award an den Public Choice Award.

En groussen Merci un all déi Leit déi eis iwwert dat ganzt Joer ënnerstëtzt hunn.

 Retour aux articles