The Family of Man

Description


Den 23.03.2023 ass d’2G1 an der Begleedung vun der Mme Welter an dem Här Colombo op Clierf d’Fotosausstellung?'The Family of Man'?vum Edward Steichen kucken?gaangen.? 

Ukomm am Schlass, goufen mer ganz häerzlech vum Här Olivier Pierson an den Mataarbechter vun der Expositioun empfaangen. Den Här Pierson huet eis dunn duerch d'Expositioun?guidéiert?an eis?déi?beträchtlech Unzuel?un Biller an Fotografien gewisen?déi?zur Präsentatioun ausgehaangen?sinn. Duerch?säin?Wëssen?an seng Informatiounen zu den Biller, déi?hien zu all Moment?parat hat, ass des?Excursioun?zu engem flotten Erliewen fir d'Schüler als och fir d'Begleetpersounen?gi. Doduerch dass mir kulturell bewandert Proffen dobäi?haten, konnten d'Schüler sech och bei Froen un?si?riichten an beim Verständnis weidergehollef?kréien. D'Visitt?vun ronn zwou Stonnen?ass?duerch?déi?flott?Ambiance?zimmlech?séier?eriwwer?gaangen?an mir?hunn?eis dunn?rëm?zréck?op den Wee an d'Schoul?gemaach.?Vun der Ausstellung?hunn?also?souwuel?d'Schüler als och d'Begleedung?zimmlech?vill neit?Wëssen?mat heem konnten huelen. 

D'Fotosausstellung gouf vum Edward Steichen?kreéiert?als och zesummegestallt gi. Gebuer ass den Här Steichen den 27.?Mäerz?1879 als?Lëtzebuerger?an ass den 25.?Mäerz?1973 zu Connecticut?verstuerwen. Hien zielt als een vun den?beschtbekannten?Fotografen der Welt an huet seng Leidenschaft konnten zum Beruff maachen?wouduerch nach haut vill?Mënschen?inspiréiert?sinn?an och nach?ëmmer?gi. Als jonken Bouf ass hien mat senger Famill ausgewandert an no Amerika wunnen?gaangen.?Wärend?senger?Karriär?als Fotograf huet hien et gepackt, net?nëmmen?d'Fotografie un d'Konschtkritiker ze?bréngen?mee d'Fotografie selwer och zu enger Konscht ze verwandelen. Duerch seng?Erliefnisser?am Liewen an der Influenz vun senger Famill,?Frënn?an Bekanntschaften ass et him gelongen eis?Mënschheet?an hirer?voller?Gréisst?ze verstoen an huet?probéiert?den Wäerter vun?där?Zäit?entgéint?ze wierken.?Dëst?ass him gelongen duerch seng?berüümt?Ausstellung 'The Family of Man',?déi?bis haut nach?ëmmer?déi?am Meescht besichten Ausstellung der Welt ass, d'Wierklechkeet?méi?no un een?erun?ze?bréngen. D'Ausstellung huet hien am Joer 1955 duerch insgesamt 503 Biller vun 273 matwierkenden Artisten op d'Been gestallt an gouf?säitdeem?schonn?an deenen verschiddensten Regiounen der Welt ausgestallt. D'Ausstellung?un sech weist den?Liewenslaf?vum?Mënsch?an all sengen Detailer. Vun der Gebuert vum?Mënsch?bis hin zum Dout?fënnt?een alles. Dobäi?léisst?hien d'Leed vun den?Mënschen?an?déi?verschidden gesellschaftlech Rollen awer net aus,?wat?dat ganzt zu enger erstaunlecher Kompositioun un Biller?mëscht. 

Ofschléissend kann also?festgehalen?gi, dass den klengen Ausfluch en Impakt op d'Schüler als och op hiert?Verständnis?vun der Konscht?hat?an jiddereen frou war?déi?Méiglechkeet?vum Besuch gehat?ze?hunn. 

 Retour aux articles