Robär energY
Description
Am Kader vum Makerspace waren e Samschdeg 25.02.23 3 vun onsen Schüler als Team „Robär energY“ op der Finall vun der First Lego League Lëtzebuerg am Lycée Nic-Biever zu Diddeleng.
https://www.makeit.lu/?page_id=2498
Am Viraus hu si e Lego Mindstorms Roboter gebaut a programméiert. Dësen huet dunn misse verschidden Missiounen erleedegen. Weider hu si sech mam Thema 'Energie' beschäftegt, hieren Fuerschungsprojet heizou hu si virun enger Jury presentéiert. Schlussendlech hu si spontan nach e Spill aus Lego entwéckelt wat souguer onsen Educatiounsminister gespillt huet.