230118-0127

Table ronde „Nohaltegkeet-COP27, an elo?“ organiséiert vum LRSL_Actionteam4future

Description


E Mëttwoch den 18. Januar 2023 huet d’LRSL_actionteam4future moies op hir Table ronde zum Thema „Nohaltegkeet-COP27, an elo?“ invitéiert, déi d‘ Memberen mat hirer Coordinatrice der Madame Ruhmann-Freimuth mat vill Engagement geplangt haten. Als Participanten hunn deel geholl: den Här Claude Meisch (Educatiounsminister), den Här Claude Turmes (Energieminister), d‘  Madame Marie-Paule Kremer (Beroderin am Ministère fir nohalteg Entwécklung, Departement vun der Ëmwelt), den Här Dr. Thomas Gibon (Chercheur bei LIST), den Här Christophe Murroccu?(Member vum Mouvement Ecologique, responsabel fir den Dossier "Energie- a Klimaschutz"), d‘ Madame Julia Ruhmann (Member vu Youth4planet Lëtzebuerg), den Här Joerg Altekruse (President vu Youth4planet international), de Semion Smolenskiy (Schüler am Lycée Technique vun Ettelbréck a Participant un der COP27) an de Julien Lemmer Veloso (Schüler am LRSL a Matgrënner vum LRSL_Actionteam4future).

D’ Journalistin Monica Camposeo huet des Table ronde moderéiert an fir eng ugereegten Diskussiounsronn gesuergt. De Publikum deen haaptsächlech aus Schüler vun 2e a 3e Klassen bestoung, konnt uschléissend seng Froen ervirbréngen a no zwou Stonnen goung den  interessanten Austausch op en Enn.

Hei de Link: https://www.tageblatt.lu/non-classe/schueler-machen-naegel-mit-koepfen-diskussion-zur-nachhaltigkeit-mit-hochkaraetigen-gaesten/

Fotogalerie

 Retour aux articles