foto Party

Schuman's Lounge

Description


Den 19. Dezember war et no 2 Joer endlech souwäit. D' Pandemie a vill ënnerschiddlech Ëmstänn hunn dofir gesuergt datt d' Schuman's Lounge dausend aner Rollen huet missen iwwerhuelen. No sou laanger Zäit konnt se elo offiziell ageweit ginn an hier Roll als Jugendtreff fir d’ Schüler anhuelen. De ganzen Dag konnten eis Schüler vun der Schuman's Lounge profitéieren. Mat Musek, Dart, engem Quiz, Hiphop a Kicker hunn mer si bei gudder Laun gehalen. Gechillt gouf op den Fatboys. Merci un d’SchülerInnen déi eis déi gutt Kuchen an Cookie-en gebak hunn. Dat ganzt mat waarmen Téi vum Fairtrade Comité.

Fotogalerie

 Retour aux articles