Foto13 eis finalisten

Groussen Kickerturnoi – Deel 1

Description


Dëst Schouljoer trieden den Jongelycée, den Athenée, den LRSL, den LTPES vu Miersch an den Lycée Michel Lucius an engem groussen inteschouleschen Kickertournoi géinteneen un. Dofir schéckt all Schoul seng zwou bescht Équipen an d ‘Rennen.

Fir eis bescht Spiller fest ze leeën, huet den LRSL en internen Tournoi fir all seng SchülerInnen organiséiert.

D ‘Kickeren waren dofir an den Wochen an Deeg virum Tournoi an all Mëttespaus am Asaz. Den 16. Dezember war et esouwäit. Eis 10 Équipen sinn géinteneen ugetrueden. Vun 7ème bis 1ère war praktesch all Joergäng vertrueden. Jongen ewéi och Meedercher sinn géinteneen ugetrueden. Verschidde Matcher waren schnell entscheet, anerer goufe ganz knapp gewonnen.

Schlussendlech hunn sech des zwou Équipen duerchgesat. Den Michel, de Philippe, den Fränz an den Hugo wäerten den LRSL den 31. Januar an der grousser Final vertrieden.

Fotogalerie

 Retour aux articles