230118-0012

Den Educatiounsminister Claude Meisch op Besuch am LRSL

Description


E Mëttwoch, den 18. Januar war den Här Minister Meisch op Visite an eisem Lycée. Dobäi konnt hien sech op eiser 3e A LLCO en eegenen Androck maachen vun dëser neier Sektioun, déi nëmmen am LRSL ugebueden gëtt. An engem kuerzen Exposé huet den Här Wildanger en Iwwerbléck iwwert d’ Finalitéiten vun der Sektioun an de Contenu vun de wichtegste Fächer ginn. D’ Schüler hunn vun hiren Erfarungen op der A LLCO geschwat an vun hirer Motivatioun, dës Sektioun ze wielen. Dono huet den Här Meisch sech nach d’ Zäit geholl, fir mat de Schüler an d’ Gespréich ze kommen.

Fotogalerie

 Retour aux articles