
Wantermaart am LRSL
Description
En Dënschdeg 20. Dezember 2022 huet den LRSL op säin traditionelle Wantermaart invitéiert. Vu selwer gebastelte Geschenkartikel bis zu séiss a gewierzte Leckereien huet et u näischt gefeelt an 7e Klassen hunn all zesummen mat hirem Chrëschtconcert fir eng gutt Ambiance gesuergt. Besonnesch vill Méi haten sech Klassen ginn beim Dekoréieren vun hire Stänn a Raimlechkeeten. E grousse Merci u jiddereen den zum Succès vum dësjährege Wantermaart bäigedroen huet.