MicrosoftTeams-image(9)

Visitt an der Chamber

Description


Am Kader vun der « Semaine de la Démocratie 24/10-28/10 » waren d’Klassen 5C4 (Mme Jans) an 2BC (M.Kinn) op Besuch an der Chamber. Do goufen sie vun der Mme Jessie Thill (Déi Gréng) empfaangen. Matt 26 Joer ass déi fréier Schülerin aus dem LRSL am Januar 2022 als jéngst Deputéiert op den Krautmaart komm.

Op engem méi wie interessanten Tour duerch d’Gebai, huet d’Mme Thill déi néideg Erklärungen iwwer d’Funktioun vun der héijer Kierperschaft ginn an ass duerno am Plenum mat vill Asaz a Kompetenz op d‘ Froen vun den 2e Schüler(-innen) agaangen,déi dës am Civiquescours ausgeschafft haten. En alles an allem gelongenen Ausfluch an d’Häerzstéck vun der Lëtzebuerger Demokratie.

Fotogalerie

 Retour aux articles