Virtual Reality
Description
Virun der Vakanz konnten d’SchülerInnen aus dem LRSL hir Reflexer an Hand-Aen Koordinatioun mam Spill Beatsaber testen an ënner Beweis stellen. No den éischte Lidder goufen och di lescht Pulloveren ausgedoen an déi Jonk koumen uerdentlech an d ‘Schweessen. D’ Begeeschterung fir den “Virtual Reality” war grouss an den sportlech musikaleschen Nomëtteg war an Null Komma näischt ëm.