9

Hackathon « Let’s build together the future of education »

Description


6 Schüler aus eisem Lycée hunn den 14. November 2022 un dem éischten nationalen Hackathon am Beräich vun der Educatioun deelgeholl. Dësen Hackathon ënnert dem Thema « Let’s build together the future of education » gouf vum SCRIPT, zesumme mam House of Startups organiséiert.

Wärend 12 Stonnen hu eis Léierpersonal mat hirem Coach Marc Arendt, Manager Technical Training & Examination bei der Cargolux e Projet ausgeschafft wéi si sech d' Educatioun an der Zukunft virstellen. En plus vum Coachen goufen si och nach vun Experten aus der Educatioun, dem Développement durable an dem Public Speaking ënnerstëtzt.

Hire Projet hunn si um Enn vum Dag virum engem Fachjury gepitcht. Dëse Hackathon war fir eis Schüler eng immens Erfarung am Ausschaffen vun engem Projet an och am Pitchen virun engem Public.

 Retour aux articles