Rencontre Parrain 7ième

Description


Eng Woch no der Rentrée haten all eis 7ièmen den 23. September den traditionellen Ralley duerch eist Gebai. Et goung vum Rdch bis op den 3. Stack an d ‘Konscht an dunn rëm rof bis an Bibliothéik.  Lenks a riets sinn se duerch dat alt an dat neit Gebai gelaf fir op déi vill ënnerschiddlech Froen eng Äntwert ze fannen.

Nom Ralley war den Treffpunkt an hire Klassesäll, wou hir Parrain’en, déi si den 1. Schouldag kenne geleiert hunn, si an Empfaang geholl hunn. Zesummen mat den Parrain’en goung et an d ‘Kantin. Do goufen et dunn fir se all Spaghettien an bis et schellt konnten si hir Fräizäit mateneen genéissen. Dëst hunn si all op ënnerschiddlech Manéiere gemaach an dobäi nach nëtzlech Infoen zum Lycéesliewen kritt. Hei e puer Andréck

 Retour aux articles