
LRSL Fairtrade-Laf 2022
Description
De 6. Mee 2022 huet de Fairtrade Kommitee vum LRSL – no 2 Joer Corona-Paus – déi 4. Éditioun vum Fairtrade Spendelaf organiséiert. Wéi aus follgenden Zuelen ervirgeet, hat d’Aktioun e ganz grousse Succès. Ronn 400 aktiv Sportler*innen hunn et zesummen op 3339 Ronne ronderëm de Lycée bruecht! Déi bescht am Klassement waren:
Bei de Jongen:
- Abdulbasid Mohamed Omar (CLIJAA2)
- Zidan Samouki (CLIJA) a Pit Valentin (2B)
- Louis Peters (5C1) a Lenny Quaranta (5C2)
Bei de Meedercher:
- Alina Perederiy (6CLC1)
- Emilie Peters (2C)
- Manon Frohberg (7C3)
Bei de Klassen:
- CLIJA
- 7C6
- 2B
Am Kader vun enger klenger Feier, den 9. Juni am Festsall vum LRSL, sinn déi bescht Leefer*inne mat engem Präis an engem Certificat geéiert ginn.
Duerch dës Aktioun sinn awer och 6200 Euro u Spenden erakomm zu Gonschte vun den Organisatioune LUkraine a PADEM. Hir Vertrieder, d’Hären Dan Edwards a Pascal Hus, hunn a Presenz vun eiser Direktioun e „grousse“ Scheck iwwerreecht kritt. Uschléissend hu si hir béid Organisatioune virgestallt, respektiv déi Projeten, déi mat de gesammelte Spenden ënnerstëtzt ginn.