Logo “5es Projetsdeeg”

Description


Ënnert der Leedung vun den Organisateuren vun den “5es Projetsdeeg” an an Kooperatioun mam SSE, huet den LRSL fir dëst Joer decidéiert senge Schüler*Innen d’Kreatioun vun engem Logo fir d’ Projetsdeeg ze iwwerloossen.
järlechMam Thema vun dësem Joer “Energie” als Basis konnten déi Jonk hirer Kreativitéit fräie laf loossen.

Tatsächlech sinn di verschidden Proposen esou villfälteg ausgefall dass et schwéier war sech op een eenzegen Gewënner ze beschränken. Dofir goufen Kuerzer Hand och Kandidaten fir eng 2t an 3t Plaz mat op de Podium geholl an fir hier Wonnerbar Aarbecht belount.

D’Bekanntgab vun de Gewënner an d’Iwwergab vun de Präisser war den 19.05 am Festsall. Häerzleche Gléckwonsch un den Charles Kirps fir di éischt Plaz an Merci fir däin flotten Logo! Gratulatioun un d’Manon Schroeder fir di 2t Plaz! Gratulatioun un d’Julie Petit fir di 3t Plaz!


1t Plaz – Bong vun 50€ + De Logo gëtt als offiziellen Logo vun de Projetsdeeg 2021-2022 iwwerholl
2t Plaz – Ee Buch “What If?: Serious Scientific Answer to Absurd Hypothetical Questions”
3t Plaz – Ee Buch “How to clone a Mammoth”

 Retour aux articles