Bicherausstellung an der Bibliothéik

Description


Zu de Portes Ouvertes den 13. a 14. Mee 2022 geet eng nei temporär Bicherausstellung an eiser Bibliothéik op. Fir eis zukünfteg Septièmes-Schüler fir d'Liesen ze begeeschteren ass d'Thema des Kéier Jugendliteratur.

Op den zwee Ausstellungsthéike fannt der elo ee Choix Bicher an Zäitschrëften op däitsch, franséisch an englesch zu den Themen "Déieren", "Frëndschaft" an "Abenteuer". Bicher iwwer Kazen a Päerd, déi éischt Léift oder Action-Krimis fir matzeroden, et ass fir jiddereen eppes Interessantes derbai, wéi der op de Fotoe gesi kënnt.

 Retour aux articles